Reaktioun vum Ëmweltministère, der Waasser-, Ëmwelt an Naturverwaltung zum Incident vun der Biogasanlag zu Gonderange

Gëschter sinn eisen éischten Erkenntnisser no, opgrond vum enger defekter Dichtung, eng ronn 3.000 Kubikmeter Digestat aus der Biogasanlag zu Gonderange ausgelaf. Op der Plaz waren d'AGE (Administration de la gestion de l'eau), d'AEV (Administration de l'environnement), d'ANF (Administration de la nature et des forêts), de CGDIS an d'Police fir hir respektiv Kompetenzberäicher.

©ANF Biogasanlag zu Gonderange
Biogasanlag zu Gonderange

Deen gréisstem Deel vum Digestat ass an d'Feld gelaf wou et duerch d'Opschëdde vun engem Erdwall konnt zréck gehale ginn. Duerch d'Erstelle vun engem weideren Erdwall konnt en Deel an en 2ten Digester ëmgeleet an opgefaange ginn.

A punkto Waasser konnt duerch eng séier Reaktioun vum CGDIS verhënnert ginn datt Digestat an e Gewässer gelaf ass. D'Gebitt léit och net an enger Grondwaasserschutzzon. Et ass och näischt an de Biotop gelaf deen no bäi läit. D'Pollutioun konnt duerch en opwännegen Asatz esou schnell agegrenzt ginn.

Dat onkontrolléiert Auslaafen vu Pre-Digestat (Vergärungsflëssegkeet) stellt eng Infraktioun géint d'Ëmweltgesetzgebung duer. De Parquet gouf iwwert den Tëschefall informéiert.

Communiqué vum Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung, der Waasserverwaltung, der Ëmweltverwaltung  an der Naturverwaltung

Aktualiséiert