À partir du 5 octobre 2015, l’Administration de la nature et des forêts s’occupe de la délivrance des permis de chasser pour invités. Les locataires des lots de chasse ont été informés de ce changement par courrier et les formulaires sur le site internet www.emwelt.lu ont été modifiés dans ce sens. Les demandes sont à introduire la quinzaine avant la date d’invitation.
Concernant le permis de pêche pour les eaux intérieures, ils seront délivrés par l’Administration de la gestion de l’eau à Diekirch. Les permis touristiques et les permis pour eaux frontaliers seront établis comme d’habitude, aussi chez les communes qui ont offert ce service jusqu’ici.
Communiqué par le ministère du Développement durable et des Infrastructures / Département de l’environnement
Ofschafung vun den Distrikter / 3-Dages Juegdschäin (Invitéspermis) / Fëscherpermis
Wéinst der Ofschafung vun den Distrikter ginn et e puer Ännerungen wat d’Ausstelle vum Invitésjuegdpermis, respektiv dem Fëscherpermis fir Inlandgewässer ugeet.
Ab dem 5. Oktober 2015 ass et d’Naturverwaltung zu Dikrech, déi sech ëm d’Ausstelle vun den Invitésjuegdpermisen bekëmmert. D’Juegdpiechter goufen och per Courrier doriwwer informéiert an d’Formulairen um Internetsite www.emwelt.lu goufen och deementspriechend adaptéiert. Demande sollten am beschten 14 Deeg virun enger Juegd erageschéckt ginn.
Wat d’Fëscherpermisen fir Inlandgewässer ugeet, sou gëtt an enger éischter Phase d’Ausstellen nëmmen zu Dikrech an de Bureauen vun der Waasserverwaltung ugebueden. D’Touristepermisen an d’Permisen fir d’Grenzgewässer ginn wéi gewinnt ausgestallt. D’Ausstelle vun de Permisen op de Gemengen déi dee Service ubidden geet och weiderhin.
Communiqué vum Ëmweltdepartement vum Ministère fir nohalteg Entwécklung an Infrastruktur